Café

Mir hu keen Alcohol, dofir awer e grousse Choix vun aaner leckerem Gedrénks, an esou wäit et geet ass dat lokal, fair a bio. Bei eis ass de Kaffi vun Mondo del Caffé zu Iechternach, den Téi an de Schokola vum Tricentenaire, de Jus an de Sirop vun der Eppelpress, d’Limonade vun Proviant a Bionade.

Mir hunn all Dag ee oder zwee Kuchen zur Auswahl. Dir kënnt och eng Schmier kréien mat Hunneg, Gebees, oder Schokolasbotter. Gäre maache mir Iech och e Smoothie fir Ären Honger ze stellen. A fir ze schnécken hu mir leckere Schokola vum Tricentenaire.

Flott a gemittlech Säll gefëllt mat Bicher a Spiller erwaarden iech!


Menu


%d Bloggern gefällt das: