Gruppen

Dir sidd eng Schoul, eng Maison Relais oder eng Crèche a sicht eng Aktivitéit fir är Kanner?

Mir bidden iech e flotte Programm deen aus Liesungen oder Erziehlungen, Spiller, Bastelaktivitéiten besteet an deen un den Alter vun de Kanner ugepasst gëtt. Eng 15 Themen stinn zur Auswiel.

Ausserdem kënnen d’Kanner vun der Tauschbibliothéik profitéieren a vun eiser Terrasse fir e bessen Beweegung an der frëscher Loft. Fir di Kleng hu mir Bobby Caren a aaner Gefirer.

Hei e puer Iddien vun aaneren Aktivitéiten déi méiglech sinn:

Wimmelbiller (cycle 1)

Op der Kop Märercher (cycle 2/3)

Schattentheater bauen a spillen (cycle 3)

Lëtzebueger Legenden (cycle 4)

Geschichteschierteg (cycle 1/2)

Livre de conte (cycle 3/4)

Zu Dikrech ginn et ausserdem flott Spillplazen, et kann e laanscht Sauer d’Déiere kucke goen a spadzéieren, d’Museeën besichen, eng Glace iesse goen een Ieselsralley maachen., a souguer an de Kino goen.

Gären kënne mir och fir Iessen a Gedrénks suergen bei eis am Haus oder als Picknick mam praktesche Bollerwagen.

Dikrech as eng super Destinatioun fir e flotten Ausfluch mat de Kanner. Zesumme mat iech gestallte mir gären äre Programm op Mooss.

Zéckt net een Devis fir ären Ausfluch un zefroen.

%d Bloggern gefällt das: