Kanner Atelier’en

Bi Ba Butzen

Een Atelier fir di Kleng mat hiren Elteren oder Grousselteren. All Atelier gëtt een aanert Thema presentéiert. Mir lauschteren eng Geschicht an dann bastelen, schaffen an spille mir zum Thema. Nom Cours ass Fraispill ugesot.

Wéini: Freides vun 9:00h-10:00h a Samschdes vun 10:30-11:30

Alter: 2-4 Joer

Präis: 9,50 Euros pro Cours. Gratis fir di begleedend Erwuessener. E Carnet fir 10 Couren kascht 85 Euros.

Maximal Unzuel: 4 Familjen (12 Leit)

Datumer 1. Trimester 2021/2022:

September: 17./18, 24./25.

Oktober: 1./2., 8./9., 15./16., 22./23, 29./30.

November: 12./13., 19./20., 26./27.

Dezember: 3./4., 10./11., 17./18.


Firwat, woufir a Kappzerbrieches

1 mol de Mound proposéieren mir en Atelier fir kleng Philosophen wou mir unhand vun passende Geschichten eis grouss Froe stellen, wéi z.B. „wat ass Räichtum?“, oder „wat ass Gléck?“. All Kand kritt e Buch wou et seng philosophesch Gedanken ka festhalen.

Wéini: Donneschdes vun 14:00-15:30 Auer,

Alter: cycle 3.2/cycle 4

Präis: 8,50 Euros pro Cours. Oder di 4 Couren fir 30 Euros (1 Cours gratis).

Maximal Unzuel vu Participants: 6

Datumer 1. Trimester 2021/2022:

23. September, 21. Oktober, 18. November, 9. Dezember


Globetotters

Et gi vill verschidde Länner a Leit op der Welt, an nach vill méi Geschichten. Komm mat an entdeck all Mound eng Geschicht aus engem aanere Land. Zesumme kucke mir dann op mir wirklech esou verschidde sinn wéi mir mengen.

An dësem Cours gëtt net just gelauschtert, mee och diskutéiert a kreativ geschafft.

Wéini: Donneschdes mëttes vun 14.00-16:00 Auer.

Alter: cycle 2.1-3.1

Präis: 15,00 Euros pro Cours. Oder di 4 Couren fir 55,00 Euros

Maximal Unzuel vun Participants: 6

Datumer 1. Trimester 2021/2022:

16. September, 14. Oktober, 11. November, 16. Dezember


%d Bloggern gefällt das: