Liesgruppen

Erwuessener

Mir treffen eis eng Kéier de Mound, Donneschdes Owes fir iwwert e Buch, wat mir eis erausgesicht hunn an doheem gelies hunn, ze schnëssen. Mir sichen eis Bicher eraus déi a méi Sproochen iwwersat gi sinn.

Folgend Bicher stinn dësen Hierscht um Programm:

7.10.2021: „De Bicherbus“, Christiane Kremer

11.11.2021 : „L’Étranger“, Albert Camus

-9.12.2021 : „La tresse“, Laetizia Colombani

Dëss Bicher (ausser „De Bicherbus“) ginn et a villen Iwwersetzungen. Dir kënnt d’Buch an der Sprooch liesen déi iech am beschte läit.

Präis: 5,00 Euros plus de Präis vum Buch.

Auerzäit: 19:30-22:00 Auer.

Umeldung néideg.

Dëse Liesgrupp gëtt a Kooperatioun mat der Librairie Zimmer vun Dikrech organiséiert.


Kanner

Hu Dir Kanner déi sech wëllen austauschen iwwert Bicher? Da mellt Iech bei eis. Wann mir genuch Kanner zesumme kréien, da starte mir och e Liesgrupp fir di Jonk.

%d Bloggern gefällt das: